Gelonge Séance Académique vir 75 Joer FLH
  03.12.2021


E Mëttwoch den Owend (1. Dezember 2021) war d'akademesch Sëtzung fir "75 Joer Lëtzebuerger Handball" am grousse Sall vum Escher Theater. Nieft ville Lokalpolitiker an Handball-Frënn aus Lëtzebuerg, waren och vill Vertrieder vun den Nopeschhandballfederatiounen zu Esch getraff.

Niewent dem Michael Wiederer, President vun der Europäescher Handballfederatioun (EHF), hunn den Dan Kersch, Sportminister, Georges Mischo, Buergermeeschter vun der Stad Esch, an André Hoffmann, President vum Lëtzebuerger Comité Sportif et Olympique (COSL) der FLH gratuléiert. Haaptriedner war de Jeannot Kaiser, Éierepresident vun der FLH, deen an engem, mat Anekdoten a Fotoen ënnerluechtem, Virtrag d'Geschicht vu 75 Joer Handball zu Lëtzebuerg skizzéiert huet. Duerch den Owend huet den Dan Spogen gefouert. Fir déi musikalesch Begleedung huet den instrumentale Quintett La Boca gesuergt.

No der Zeremonie hunn sech d'Participanten nach fir dee gemittlechen Deel am Foyer vum Theater getraff.