Frëndschafts Lännermatcher Italien - Lëtzebuerg
  27.12.2019


Nodeems d'Tierkei zeréckgezunn huet, spillen eis Hären dann elo muer Samschdeg um 18:00 Auer, an e Sonndeg um 17:00 Auer géint hir Kolleegen aus Italien.

De Kader vun eiser Equippe ass folgenden : Jerome MICHELS, Mika HERRMANN a Scott MEYERS (am Goal), Pierre VEIDIG, Yann HOFFMANN, Loïc KAYSEN, Alen ZEKAN, Daniel SCHEID, Joé FABER, Peter OSTRIHON, Ben WEYER, Leon BIEL, Felix WERDEL,

Leider hunn de Jacques Tironzelli (wéinst Blessur), den Tommy Wirtz (familiär Ursaachen) an den Tommaso Cosanti (Krankheet) misste kuerzfristeg ofsoen.

Falls d'Matcher sollen am Livestream iwwerdroe ginn wäerte mir dat op dëser Plaz bekannt maachen.