FLH trëfft wichteg Entscheedunge mat de Veräiner

  09.04.2020

Den 8. Abrëll huet d'FLH sech an enger Videokonferenz u seng 15 Veräiner gewannt fir ze kucke wéi et weider geet.

Dobäi ass eestëmmeg festgehale ginn, dass de Championnat 2019-2020 gestoppt gëtt.

Och hunn d'Veräiner sech dofir ausgeschwat, dass Esch Champion bei den Hären a Käerjeng Champion bei den Damme solle sinn.

Fir d'Coupe d'Europe hunn sech bei de Männer Esch (Euroleague), d'Red Boys, Diddeleng a Bierchem (all EHF-Cup) qualifizéiert, a bei den Damme Käerjeng (Euroleague), Dikkrech an Diddeleng (EHF-Cup).

Op et 2020/2021 en Opsteiger gëtt an der Hären AXA-League stëmmen d'Veräiner an engem Referendum of. Beetebuerg huet d'Recht d'Dammen AXA-League ze kompletéieren.

#AXALeague #handballassméi #staysafe #bleifgesond


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)