Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg 2023 Fraen

  31.03.2023

Ab haut ass et esou wäit, da ginn d'Finaliste vum Final4 Loterie Nationale Coupe de Luxembourg 2023 bei de Fraen am Gymnase vun der Coque ermëttelt.

 

Dir hutt nach keen Ticket. Da kaaft ären Ticket entweder bei ärem Veräin oder online, a spuert Iech d'Waarden an der Oweskeess (an d'Servicegebühr) ! www.ticket-regional.de/final4

 

An den Halleffinallen haut Freideg spillen :

18:30 Auer : HB Diddeleng - Chev Dikrech

20:45 Auer : Handball Käerjeng - Handball Esch

 

D'Matcher vun haut (a vun deenen aneren Deeg) kënnt dir um Livestream (by HandballTV) gesinn.

Ufank vun eiser Iwwerdroung ass um 18:15 Auer (den 1. Match fänkt um 18:30 Auer un).

Dëse Livestream empfänkt dir entweder op der Telé op apart TV am Reseau vun Eltrona, vun der Post (Kanal 82) an och by Orange TV, oder op dem PC oder dem Smartphone op www.flh-live.lu (Handball TV by AXA), op www.livestream.lu an op www.apart-tv.com.