Ënnerstëtzung fir den Dávid Gyáfrás

  13.12.2024

E laangjärege Spiller, deen eng déif Spuer um Terrain hannerlooss huet, mat sengem onheemlech emotionalem Engagement a sengen zerstéierende Schëss aus der Distanz, fir déi hien am Beschten bekannt war, brauch d’Hëllef vun der Lëtzebuerger Handballfamill.

 

Den Dávid Gyáfrás, Gewënner vum Präis fir de beschte Goalgetter vun der Liga 2016-2017, an den aktuellen Trainer vum Handball Bieles, huet elo eng aner Aart vu Kampf, an deem hien Är Hëllef brauch fir eng dréngend käschtenintensiv Behandlung am Ausland ze maachen.

 

Wann dir wëllt, kënnt dir hien a sengem Kampf ënnerstëtzen, dat ënnert follgender Kontosnummer : LU63 0023 1885 4425 7200, oder iwwer de QR-Code vum Handballveräi Bieles (mat der Mentioun Här Dávid Gyáfrás),

oder iwwert de FundRaising

https://www.gofundme.com/f/ffdhsd