Eis U17 Meedercher op de W17 EHF Championship am Azerbaijan

  04.08.2023

Haut de Mueren ass eis U17 Selektioun um 11 Auer vum Findel iwwer Frankfurt op Baku geflunn. Do huelen si un de W17 EHF Championship deel. Hir Géigner sinn Israel (5. August um 11:30 Auer), Spuenien (7.August um 13:45 Auer), Färöer Inselen (9. August um 11:30 Auer) a Griicheland (10. August um 13:45 Auer).

Dir kënnt all déi Matcher (an duerno och d'Placementsmatcher) op  EhfTV kucken (dir braucht just en EhfTV Account, dee kascht awer näischt). Deen éischte Match géint Israel fannt dir hei : https://ehftv.com/handball-live-stream/womens-17-ehf-championship/luxembourg-vs-israel/27256

Mir wënschen dem Alicia, Alissa, Anais, Catherine, Ines, Lara, Laura, Lea, Lilibeth, Luna , Maria, Moira, Sam, Sophie, Valerie a Zoya, an hirem Staff dem Adrian, Tina, Blandine a Josée, vill Succès bei hirem Asatz fir Lëtzebuerg.


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)