Eis EHF Arbitter a Georgien um Men's 18 EHF Championship - U18 Equipe de Moie fréi gutt zu Tiflis ukomm

  09.08.2018

Schonns en Dag éischter wéi eis U18 Spiller sinn eis international Arbitter Philippe Linster an Alain Rauchs op Tiflis a Georgië geflunn. Do ukomm ware gëschter eng Réi physesch an theoretesch Tester um Programm. Mir wënschen hinnen Zwee vill Reussite an de nächsten Deeg. Eis rout Léiwe sinn de Moie fréi no engem 12 Stonnen Trip mat Tëschelandung zu Istanbul gutt ukomm a konnten sech direkt am Hotel aquartéieren. Haut den Owend ass nach en Training um Plang ier et da muer um 13h00 (11h00 héi zu Lëtzebuerg) géint d'Färöer Insele lass geet. Mir drécke fest d'Daumen! Méi Fotoe fannt dir op eiser Facebooksäit #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse

24. Abrëll bis 27. Abrëll 2025

Loterie Nationale FINAL4

Loterie Nationale Coupe de Luxembourg FINAL4

Jeudi 24 avril - Demis Finales Hommes
Vendredi 25 avril - Demis Finales Femmes
Samedi 26 avril – Finale Hommes
Dimanche 27 avril – Finale Femmes

Gymnase Coque Kirchberg