🇪🇺 Eis Arbitter an Delegéiert international am Asaz !
Mir si stolz, dass och op europäeschem Niveau Vertrieder aus eisem Land aktiv sinn :
De Paul Nesser war als Delegéierten an der EHF European League am Asaz beim Match tëscht Fenix Toulouse an IFK Kristianstad.
De Sabien Weber an den Denis Weinquin hunn d’Partie vun der 2. Ronn am EHF European Cup tëscht Sparkasse Schwaz Handball Tirol an Dragunas Klaipeda geleet.
Den Alain Rauchs an de Philippe Linster hunn an der Qualifikatioun fir d’Women’s EHF Euro 2026 de Match tëscht Italien an der Schwäiz geleet.
Mir wënschen hinnen och an Zukunft vill Erfolleg a weider spannend Asätz um europäeschen Niveau! ![]()
No Ref - No game! ![]()