D'EURO2020 vun den Dammen an Dänemark ass lancéiert !
  04.12.2020


Gëschter Owend war deen éischte vun eise Noperen am Asaz. Däitschland huet sech am Grupp D mat 22-19 géint Rumänien duerchgesat. Haut den Owend spillt Frankräich dann hiren éischte Match um 18:15 Auer (op TMC) géint Montenegro. Eis BeNeLux Partner aus Holland spillen um 20:30 Auer géint Serbien

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

Hei en éischten Androck vu gëschter vum Match Däitschland - Rumänien https://vimeo.com/487219196/fb6cfe23ba

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours hei op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit