Den Handball Esch ass Champion bei den U17 Jongen
  20.05.2019


D'U17 Jonge vum HB Esch sinn e Samschdeg an der Paus vum Match HB Esch - HB Käerjeng (AXA League) fir de Championstitel an der U17 Kategorie geéiert ginn. Si hunn an engem spannende Championnat punktgläich mam HC Bierchem op der 1. Plaz ofgeschloss (besseren direkte Vergläich). Op der 3. Plaz mat 2 Punkte manner koum d'Entente Red Boys / Käerjeng. Felicitatiounen un de Champion.