Den FLH Adventskalenner ass online.
  30.11.2018


Ab elo kënnt dir matspillen. Maacht all Dag d'Dierche vum Dag op, beäntwert d'Fro vum Dag a wannt vläicht de Gewënn vum Dag.

Dir fannt déi richteg Äntwerten op den Internetsäite vun der FLH oder hire Partner.

Esou kënnt dir Entréesbilljeeë fir de Pré-Qualifikatiouns Turnéier fir d'Euro 2022 gewannen, awer och aner flott Präisser gesponsert vun eise Partner (wéi z.B. eng Trainingsjackett vun der Nationalequippe, en eReader, Crémant, Usb-Stick, Bongen etc.

Wat dir méi oft matspillt, wat är Chancen op den Haaptgewënn (en FLH VIP Package am Wäert vun 100 Euro) um Enn vun der Aktioun (25. Dezember) méi grouss sinn. Also op wat waart dir nach ?