De Patrick (Petz) Simonelli huet eis fir ëmmer verlooss 🖤
Mat déiwem Bedaueren hu mir déi traureg Noriicht krut, dass de Patrick Simonelli (Petz) eis fir ëmmer verlooss huet 🖤.
Mir wäerten de Petz déif vermëssen. Säin Engagement fir den Handball a besonnesch d’Schidsrichterwiesen war him eng Häerzenssaach – sief et am CA, an der Refcom oder als Delegéierte bei der EHF. Hien huet sech ëmmer mat vill Häerzblutt a Kompetenz fir d’Arbitterwiesen agesat.
Petz, mir wäerten dech net nëmmen als Expert mat engem oppenen Ouer vermëssen, mee virun allem als Frënd, deen ëmmer diskret a mat villem Versteesdemech nogelauschtert huet.
Eist häerzlecht Bäileed geet un d'Famill, d'Frënn a Bekannten
Rou a Fridden, Petz