De Jeannot KAISER gouf zum „Honorary Member of the EHF“ ernannt

  21.10.2022

Am Kader vum ausseruerdentleche Kongress vun der EHF, deen de 24. September 2022 zu Lëtzebuerg ofgehale gouf, gouf den Éierepresident vun der FLH, de Jeannot KAISER, zum „Honorary Member of the EHF“ ernannt.

 

Dat als Unerkennung fir déi Déngschter, déi hien der EHF an dem Europäeschen Handball vun 1991 bis 2009 a verschiddene Funktioune geleescht huet.

Am Moment sinn et just 13 Leit déi den Titel vum "EHF Honorary Member" kritt hunn.

 

Gratulatioun un de Jeannot !

 

#handballassméi


LËTZEBUERG - GREAT BRITAIN

LËTZEBUERG – GROUSSBRITANNIEN (Fraen)
25. Oktober 2026 um 16:00 Auer
Gymnase COQUE Kirchberg

Women’s World Championship 2027 qualification