De Chev Dikrech invitéiert op säin 22. Girls' Cup
Internationalen Handballtournoi fir U16 Meedercher an der Dikricher Sportshal mat 10 Ekippen aus 8 verschiddene Länner.
Sonndes, de 24. Mee vun 10.00 - 19.00 Auer
An der Virronn spillen déi 10 Ekippen an 2 Gruppe géinteneen.
Méindes, de 25. Mee si Moies vun 10.00 - 12.00 Auer d'1/2 Finallen an Mëttes ab 13.30 Auer sinn d'Plazéierungsmätcher mat der Finall um 15.45 Auer.
De Chev zielt op är Ënnerstëtzung fir d'Ekippe bei hire Matcher.
Fir Iessen an Drénken ass de ganze Weekend Beschtens gesuergt.
GRATIS ENTREE
Weider Infos op girlscup.chev.lu
#handballassméi