Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 3 – 5. Dezember)
  06.12.2020


Grouss Iwwerraschung am Grupp C zu Kolding. Serbien setzt sech géint déi aktuell Weltmeeschterinnen aus Holland mat 29 - 25 duerch, an der Paus stoung et nach 15 - 9 fir Holland.

Am Grupp D verléiert Däitschland däitlech mat 23 - 42 géint Norwegen, an der Paus stoung et schonns 14 - 22.

Am Video gesitt dir d'Highlights vum Match Holland - Serbien https://vimeo.com/487751567/93fab7d4eb

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit.