D' Lëtzebuerger Handballfederatioun ass an Trauer.
  18.08.2019


Mir kruten dëse Weekend di traureg Nouvelle, dass eise Kolleg a Frënd de Marc Gatti no enger kuerzer mee onbaarmhäerzeger Krankheet verscheet ass. De Marc war als Member am CA, Member fir d´FLH am Conseil Consultativ vum COSL, Sekretär vun der Red Boys Déifferdeng, Reporter fir d'Press a Radio an ee vun den éischte Moderatore vum Handball TV, e ganz feste Bestanddeel vum Lëtzebuerger Handball.


De Marc war e Virbild a sengem Engagement, an huet sech ëmmer fir den Handball agesat. Hien wäert eis alleguerte feele mat senger positiver- wéi negativer Kritik, déi de Marc ni verstoppt huet, och wann e wousst, dass dat net ëmmer gutt ukomme géif. En war all Weekend fir de Sport a fir den Handball am Asaz an dat joerzéngtelaang.

De Marc wäerte mir all a gudder Erënnerung behalen, als e Mënsch deen ëmmer vollen Asaz gewisen huet. Hien wäert e grousst Lach hannerloossen, well en mat senger Aart net ze ersetzen ass. De Marc war definitiv en Handballverréckten. Senger Schwëster, der ganzer Famill an dem Handball  Red Boys Déifferdeng eist déifste Matgefill an häerzlechst Bäileed.