Bleif doheem an hal dech fit (vidéo FLH-1)

  24.03.2020

Doheem ??
Gutt esou !!

Mee dat heescht net kee Sport maachen, eisen Dammen Nationaltrainer Adrian Stot weist iech wat der kennt mann doheem. Et ass fir eis Meedercher geduecht gewiescht, mee et ass fir jidderee gutt! A lass mat e bësse Cardio. Dir braucht just e klengen Eck an äre Laptop, Tablet oder Phone.

Den Adrian weist iech d'Übung, an dann hutt dir bei rout eng kleng Paus fir prett ze sinn, a wann et gréng ass muss dir schaffen

Klickt hei fir de Video ze starten : https://vimeo.com/399805443


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)