Assemblée Générale Ordinaire 2024
  29.06.2024


Déi uerdentlech Generalversammlung vun der Handball Federatioun war haut de Moien zu Bascharage am Käerjenger Treff.

 

De President Dr. Romain Schockmel konnt niewent de Vertrieder vun de 15 Veräiner och de Sportminister Georges Mischo, esou wéi de Michel Klepper, Vertrieder vum COSL begréissen.

Niewent deenen übleche Punkten, stoungen och Neiwale fir de Conseil d'Administration um Programm. Hei goufen all déi austriedent a nei Membere gewielt.

 

Den CA vun der FLH setzt sech deemno aus follgende Memberen zesummen : Dr. Romain Schockmel (President), Marie-Josée Keiffer (1. Vizepresidentin), Sacha André, Anna Dickes, Jérôme Duarte, Sandra Flenghi, Sylviane Gambini, Fabienne Goetzinger, René Krack, Mireille Léonardy, Giorgio Ricciardelli, Patrick Simonelli, Martial Veidig (Memberen)

 

#handballassméi