Arbitterstage zu Mondorf
  04.09.2019


Dëse Weekend (31.8/1.9) haten ons Arbitter, genee ewéi och dat leschte Joer, ee Stage am Domaine Thermal zu Munneref. Et gouf eng Rëtscht interessant Couren, gehale vum IHF- an EHF Lektor aus der Schwäiz, dem Felix Rätz.

De Stage war ganz léierräich mat villen interessanten Usätz fir ons Arbitter, déi si elo an de Matcher kënnen uwenden an ëmsetzen.

Ee wichtege Message war dann och deen, dass déi Linn, déi d’Handballarbitter sollen a mussen ëmsetzen, eenzeg an eleng déi vun der IHF ass. An déi ass kloer: ewech vun der Brutalitéit, ewech vum Stoussen, ewech vum Trikotrappen, hin zu engem méi propperen Handball.