Arbitteraustausch mam Handballverband Wien
  07.02.2020


Dëse Weekend hu mir nees 2 Arbitterkollegen aus Wien bei ons zu Gaascht. 2 Arbitterkolleginne fir korrekt ze sinn. Dësen Austausch, den elo schonn zënter 4 Joer mam Handballverband Wien besteet, an dee mat enger jonker Koppel um Youth Cup zu Diddeleng ugefaangen hat, ass mëttlerweil schonn zu enger richteger Traditioun gi. D'Dragana Ugarkovic an d’Lena Hofmarcher sinn zwou jonk Bundesschiidsriichterinnen, déi och schonn 2019 op europäeschem Plang zu Prag am Kader vum EHF Young Referees Project Erfarunge sammele konnten. Am Géigenzuch geet dann och all Joers eng Lëtzebuerger Koppel am Laf vun der Saison op Wien a kritt do d'Geleeënheet néi Erfarungen ze sammelen.
Mir wënschen dem Lena an Dragana vill Erfolleg!
#handballassméi#AXALeague