Alain Rauchs a Philippe Linster elo IHF-Arbitter
  21.06.2021


Vum 14. bis zum 19. Juni waren eis EHF-Arbitter Alain Rauchs a Philippe Linster zu Tiflis a Georgien nominéiert fir d’IHF/EHF Trophy bei de Männer ze päifen. Organiséiert vun der EHF, war dëst Turnéier och gläichzäiteg e «Global Referee Training Program (GRTP)» wou d'Méiglechkeet bestoung IHF Arbitter ze ginn, deen héchsten Arbitterbadge deen ee kréie kann.

Zesumme mat Arbitter aus Russland, Norwegen a Montenegro, stoung eng Woch mat vill Theorie a ville Matcher um Programm. Dëst ënnert der Leedung vum Monika Hagen, Member vum IHF-PRC, a vum Dragan Nachevski, Responsabel vun den EHF-Arbitter. Um Schluss vum Turnéier huet eis Arbitterkoppel ënnert anerem d’Halleffinall tëscht Georgien a Bulgarien geleet an duerno den IHF Badge iwwerreecht kritt. Dëst erlaabt der Lëtzebuerger Arbitterkoppel an Zukunft eventuell op Weltmeeschterschaften an esouguer op Olympiaden nominéiert ze ginn.

E groussen Erfolleg fir de Lëtzebuerger Handball a fir Linster/Rauchs déi sech als zweet national Koppel, no Spartz/Nigra, den IHF Badge séchere konnt no der Grënnung vun der EHF 1991. Domadder ass Lëtzebuerg aktuell och dat klengst Land mat enger IHF Koppel.

D’Saison ass fir si zwee och nach net eriwwer, well si vum 2. bis 16. August erëm am Asaz op der U17 Fraen-EM a Montenegro sinn. Bonne chance gewënscht!

#handballassméi #roudeLéiwhuelse