🇱🇺 🇫🇷 3 Nations Youth Handball Cup

  19.06.2026

Duerch déi flott Zesummenaarbecht tëscht dem Pays Haut Handball P2H (Regioun Longwy) an de Red Boys Differdange konnt e grenziwwerschreidenden Tournoi den 20. a 21. Juni 2026 organiséiert ginn. 💪
 

🙏 Zum Gedenken un de Jean Curé

D’U15-Meedercher spillen e Samschdeg, den 20. Juni, ab 09:00 Auer an der Sportshal vu Cosnes-et-Romain (Regioun Longwy). 🤩

 

🙏 Zum Gedenken un de John Scheuren

D’U15-Jonge spillen e Sonndeg, den 21. Juni, ab 09:00 Auer am Sportkomplex zu Uewerkuer. 🙌

 

🤝 E flotte Tournoi, bei deem Equippen aus Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland géinteneen untrieden.

🍟🍔🥤 Fir Iessen a Gedrénks ass de ganzen Dag iwwer gesuergt.

 

👏 Gidd laanscht an ënnerstëtzt déi jonk Spillerinnen a Spiller! Si freeën sech op vill Support ! 💪❤️

 

#handballassméi


LËTZEBUERG - GREAT BRITAIN

LËTZEBUERG – GROUSSBRITANNIEN (Fraen)
25. Oktober 2026 um 16:00 Auer
Gymnase COQUE Kirchberg

Women’s World Championship 2027 qualification