28-35 Defaite fir eis U18 am leschte Match géint d’Färöer Inselen
  19.08.2018


E gebrauchten Dag hunn eis rout Léiwen haut erwëscht. Waren si no 19’ nach mat 8-7 vir ass et duerno guer net méi gelaf an de Géigner konnt sech bis zur Paus mat 5 Goaler beim11-16 ofsetzen. An der zweeter Halschent hunn eis Jongen alles probéiert, mä virun allem d’Defense war leider net staark genuch. Och goufe vill sougenannten 100% net erageschoss. Nom 17-22 no 40’ konnten d’Spiller vun de Färöer Inselen sech bis op 30-20 ofsetzen. 28-35 laut d’Schlussresultat. Domat ass Lëtzebuerg op der 6. Platz vun 11 Equipe. www.2018tbilisi.com/schedule/ #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse