🤾‍♂️ NO REF, NO GAME! 🟨🟥

  21.09.2026

🤾‍♂️ NO REF, NO GAME! 🟨🟥

An 3 Formatioune ginn am Ganzen 29 Kandidaten op de Regeltest fir de C-Schäi virbereet. 📚💪

Mir wënschen all de Kandidate vill Gléck a vill Erfolleg beim Test. 🍀

Well eppes ass kloer : Ouni Arbitter, kee Match ! 🙌

Si sinn en onverzichtbaren Deel vun eisem Sport a suergen dofir, dass mir iwwerhaapt Handball spille kënnen. Dofir si mir all deenen dankbar, déi bereet sinn, dës wichteg Aufgab ze iwwerhuelen. ❤️🤾‍♂️

Mir wënschen eise Kandidaten elo scho vill Freed, flott Erfarungen a spannend Matcher bei hiren zukünftegen Asätz als Arbitter.

👏 Merci fir ären Asaz – NO REF, NO GAME !

#handballassméi #norefnogame


LËTZEBUERG - GREAT BRITAIN

LËTZEBUERG – GROUSSBRITANNIEN (Fraen)
25. Oktober 2026 um 16:00 Auer
Gymnase COQUE Kirchberg

Women’s World Championship 2027 qualification