Eis U18 Nationalequipe ënnerwee op Vaulx-en-Velin (Lyon)
  04.03.2018


Hei treffen d'Jonge vum Adrian Stot an de nächsten Deeg op staark franséisch Konkurrenz. Et ass en Tournoi Interpôles, deen am Frankräich och als Sichtungsturnéier fir grouss Talenter genotzt gëtt. Domat fänkt och déi intensiv Virbereedung op den European Championship a Georgien am August un, wou mir eisen U18 Jongen eng gutt Roll zoutrauen. Mir wënschen hinne vill Succès an dass si ouni Verletzungen erëm Heem kommen!