Zesummenaarbecht : FLH a VFL Gummersbach
D'Lëtzebuerger Handball Federatioun an de renomméierten däitsche Bundesligist VfL Gummersbach an hier Handballakademie schaffen an Zukunft zesummen. Eng Kooperatioun déi sécherlech hier Friichte wäert droen. Um Bild ze gesi vu lenks : Thierry Wagner (Vize-President FLH), Maik Handschke (directeur technique FLH), Christoph Schindler (Sportdirekter VfL Gummersbach), Romain Schockmel (President FLH), Jan Schneider (Direkter Handballakademie Gummersbach), Matthias Reckzeh (Goalkeepertrainer VfL Gummersbach)