Women’s 19 EHF Championship 2025 a Georgien 🇬🇪 : Lëtzebuerg 🇱🇺 - 🇬🇧 Groussbritannien 34 - 30

  16.07.2025

Lëtzebuerg 🇱🇺 - 🇬🇧 Groussbritannien 34 - 30

 

Eis 🇱🇺 Ekipp wënnt dee véierten a leschte Gruppematch géint 🇬🇧 Groussbritannien mat 34 – 30 (Paus 18- 16)

No Ufanksschwieregkeete, wou de Géigner deelweis mat bis zu 5 Goler vir louch (8 – 13 an der 19. Minutt), hunn eis Meedercher duerch eng konzentréiert Leeschtung an der Verteidegung, Gol fir Gol opgeholl, a konnte mat 2 Goler Virsprong an d'Paus goen.

 

No der Paus hunn si weider un deem Virsprong geschafft, konnten an der 37. Minutt bis op 6 Goler fortzéie, mee d'Brittinnen hu net lass gelooss, de Virsprong huet sech awer bei 4 Goler agependelt, an doduerch wannen d'❤️🦁Rout Léiwinnen verdéngt mat 34 – 30, a spillen elo ab e Freideg fir d'Plaze 5 bis 8.

 

#handballassméi #roudeléiwhuelse