WM Quali 2021 Grupp A / EM Quali 2022 Playoff Lëtzebuerg - Estland
  03.09.2019


WM Quali 2021 Grupp A
D'Lëtzebuerger Handballfederatioun ass frou iech mat ze deelen, dass de Qualifikatiounstournoi fir d'WM 2021 an Egypten, vum 10.-12. Januar 2020 zu Lëtzebuerg an der Coque gespillt gëtt.
Vum 10.1 bis den 12.1 spillen eis rout Léiwen dobäi géint d'Equipe vu Litauen, Slowakei an Färöer Inselen. De genaue Spillplang kritt dir méi spéit matgedeelt.
D'Lëtzebuerger Handballfederatioun ass domat och der Demande vun der FLVB entgéint komm, déi e grousst Turnéier de Weekend vum 3. bis 5. Januar an der Coque geplangt huet.

EM Quali 2022 Playoff Lëtzebuerg - Estland
Déi eminent wichteg Playoffmatcher fir d'EM Quali 2022 géint Estland, fannen Donneschdes de 16. Januar zu Lëtzebuerg, a viraussiichtlech Sonndes de 19. Januar an Estland statt.