Weideren internationalen Asaz fir lëtzebuergesch EHF-Arbitter
  12.01.2021


Nodeems de Philippe Linster an den Alain Rauchs schonns am November 2020 agespronge ware, fir déi 2 Matcher vun der 3. Ronn am Damen EHF European Cup tëschent dem HB Käerjeng an dem DHC Slavia Praha ze leeden, sinn si vun der EHF fir e weidere Match zu Hamar an Norwegen nominéiert ginn.

D'lëtzebuergesch Koppel leed de 16. Januar 2021 de Match vun der Gruppephase an der Damen EHF European League, tëschent Storhamar Handball Elite an Astrakhanochka aus Russland.

Mir gratuléieren hinne fir dës Nominatioun a wënschen hinnen alles Guddes.