VIRVERKAF fir LUX - POR mat 25% REMISE nach bis de 9. Oktober
  05.10.2022


De Virverkaf fir de Lännermatch Lëtzebuerg - Portugal am Kader vun der EHF Euro2024 Qualifiers Round 2 ass online.

 

Kaaft är Ticketen am Virverkaf a spuert 5 Euro pro Ticket.

Ausserdeem hutt dir dann och nach d'Méiglechkeet en offiziellen Tricot vun der Portugisescher Nationalekipp oder d'Buch 75 Joer Handball Lëtzebuerg ze gewannen.

Déi méi bëlleg Präisser = Early Bird Tarif, si gülteg bis de 9. Oktober.

Duerno kaschten Ticketen och am Virverkaf oder an der Oweskeess de normale Präis vun 20 € (oder 10 € fir Studenten).

Tickete kafen oder méi Informatioune kritt dir op www.tickets.flh.lu