Vincent Kreiselmaier an de Luke Kaysen bei "Respect your talent" vun der EHF zu Wien
  27.01.2023


Am Kader vum Programm "Respect your talent" vun der EHF, sinn de Vincent (Kreiselmaier) an de Luke (Kaysen) de Moien gutt zu Wien ukomm. Si huele vum 27. bis de 29. Januar un engem RYT Workshop fir Talenter, déi bei de leschte Jugendmeeschterschafte vun der EHF entdeckt goufen.

 

Mir wëschen hinne vill Spaass beim Austausch mat aneren jonken Talenter aus hirer Alterskategorie, a mat hiren "Ambassadors" Luka Stepančić, Carlos Prieto, Ólafur Stefánsson, and Vid Kavtičnik.