U18 Nationalequipe mat 2. Victoire géint Estland zu Tiflis
Nodeems e Grippevirus schonns gëscht deen een oder anere Spiller geschwächt huet, hunn eis rout Léiwen haut op d'Zänn gebass an de Match vun Ufank un an d'Hand geholl. Nom 4-4 no 14' konnte si sech beim 12-9 an der 24' ofsetzen. An der Paus stoung et 16-13. Duerno huet Estland verkierzt op 18-17 ier sech Guden, Mitrea a Co. erëm konnten op 4 Goaler ofsetzen beim 23-19 no 48'. Dëse Virsprong huet eis U18 dann och souverän bis zum Schluss verdeedegt an um Enn mat 31-24 verdéngt d'Iwwerhand behalen. Iwwermuer den 16.08.2018 ass et um 10:00 (Zäit Lëtzebuerg) de lëschte Gruppematch géint Litauen. Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse