U18 mat Victoire géint d'Färöer Inselen zu Tiflis
Eis Spiller hunn am Ufank vun der Partie schwéier an de Match fonnt a d'Spiller vun de Färöer Insele louche 4-6 12' an 7-9 19' fir. Duerno hunn d'Spiller vum Adrian Stot awer opgedréit a konnte mat engem Tëschesprint bis zur Paus mat 18-12 a Féierung goen. An der 2. Halschecht huet den Trainer vill gewiesselt an d'Equipe huet de Virsprong awer relativ souverän verdeedegt. Um Enn steet et 32-26 fir Lëtzebuerg an d'Turnéier ass erfollegräich lass gaangen. Mir gratuléieren eiser Equipe a weider esou! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse