U18 Männer Nationalekipp zu Lokeren (B) um 4Natiounen Turnéier

  24.12.2021

D’Ekipp ass gutt zu Lëtzebuerg ukomm

Eis Jonge si wuel op, ouni Verletzung an ouni Covidfall nees zu Lëtzebuerg ukomm.

Et war en ustrengend Turnéier mat 3 Matcher an 3 Deeg. Sportlech ware mir net wäit ewech. Zum Schluss hunn e puer Käre gefeelt fir iwwer 60' matzehalen. No zwou Néierlage géint Litauen a Finnland war et um Enn eng kloer Victoire géint d'Belsch. D'Ekipp weess wou nach geschafft muss ginn an esou war et eng gutt Virbereedung op d'EHF-Championships, a mécht Loscht op méi !

D'Ekipp wënscht iech all schéi Feierdeeg !

 

D’Resultater vum Turnéier :

Lëtzebuerg – Litauen : 24 - 31 (Paus 10 - 11)
Lëtzebuerg – Finnland : 19 - 25 (Paus 9 - 9)
Lëtzebuerg – Belsch : 31 - 21 (Paus 16 – 9)

Gewonnen huet Litauen, viru Finnland, Lëtzebuerg an der Belsch