U18 Lëtzebuerg verléiert mat 25-26 ganz onglécklech géint d'Schwäiz

  13.08.2018

Mat enger gudder Defense konnten eis rout Léiwe an der 1. Halschent de Match ausgeglach gestalten. Zum Schluss konnten d'Schwäizer an Iwwerzuel den 12-10 no 30' markéieren. An der 2. Halschent sollt et nach besser lafen, an d'Spiller vum Adrian Stot hunn sech erugekämpft an konnten esouguer mat 19-17 an der 49' a Féierung goen. Dëse Virsprong ass awer net duer gaange, ze vill kleng Feeler hunn sech ageschlach. D'Schwäizer domat um Enn glécklech mat 26-25. Muer ass et de 4. Match géint Estland um 13h00 Lëtzebuerger Zäit. Stay tuned! www.2018tbilisi.com #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLeiwhuelse