U18 Dammen an de leschte Sekonne mat Gläichspill géint den Aserbaidschan beim IHF/EHF Women's Challenge Trophy
Mat 27 - 27 sécheren sech eis U18 Damme géint hir Alterskolleginnen aus dem Aserbaidschan hiren 3. Punkt. An der Paus stoung et nach 16 - 9 fir den Aserbaidschan. Lues a lues hunn eis Meedercher sech dunn awer Goal fir Goal erugespillt, a bei 22 - 22 war dunn déi éischte Kéier den Uschloss perfekt.
De Spillbou mat de Spillerinnen an de Goaler fannt dir op de Säite vun der EHF ënner www.eurohandball.com/trophy/00-01/women/2018/round/1/Final+Tournament.
Muer spillen eis Meedercher dann hire leschte Gruppematch géint d'Heemequipe vu Bosnien/Herzegowina (awer dës Kéier um 18:30 Auer, Livestream op www.ehftv.com/int/livestream/bosnia-herzegovina-luxembourg/1225023