U18 Damme verléiere an der hallef Finall vum IHF/EHF Women's Challenge Trophy géint Belsch mat 20 - 32 (10 - 16)
Mat 20 - 32 verléieren eis U18 Damme géint hir Alterskolleginnen aus der Belsch. An der Paus stoung et schonns 16 - 10 fir d'Belsch.
Elo spillen d'Meedercher muer Sonndeg um 15:00 Auer. De Gégner gëtt elo an der 2. Hallef Finall tëschent Bosnien/Herzegowina an Estland ermëttelt.
De Spillbou mat de Spillerinnen an de Goaler vum Match fannt dir op de Säit vun der EHF ënner <link http: www.eurohandball.com trophy women round>www.eurohandball.com/trophy/00-01/women/2018/round/1/Final+Tournament