U17 Meedercher op de W17 EHF Championship am Azerbaijan
Éischte Punkt fir eis Meedercher am Match géint d'Färöer Inselen duerch e 24 - 24 Gläichspill.
No enger gudder éischter Hallschent ass eis Ekipp mat 2 Goaler Virsprong an d'Paus gaangen (14 - 12). No der Paus ass de Géigner direkt mat engem 0 - 3 gestart, a vun deem Zäitpunkt un, war et e permanenten Hin an Hir, wou béid Ekippen sech näischt geschenkt hunn. Zum Schluss ass et mat engem verdéngte Gläichspill aus gaangen.