U17 Meedercher op de W17 EHF Championship am Azerbaijan
Och am 5. Gruppematch ass et eng Nidderlag fir eis U17 Meedercher ginn. Dës Kéier géint Griicheland. Eise Géigner huet sech an der 1. Hallschent e Virsprong vu 7 Goaler erausgespillt (Paus 7-14), dee mir trotz enger besserer Leeschtung an der 2. Hallschent, net méi ophuele konnten. Schlussresultat 23-30.
Als 5. vum Grupp, spillen eis Meedercher e Samschdeg den 12. August um 10 Auer géint den Organisateur Azerbaijan.
#roudeléiwhuelse #handballassméi