U15 Kader am Stage zu Gummersbach
Vum 10. bis den 13. Februar sinn eis Jonge vun der U15 Nationalequipe an engem Trainingslager zu Gummersbach. Nieft dem Trainer Dan Ley, ass och de Maik Handschke an d'Sandra Kaysen zu Gummersbach mat derbäi. D'Freed war besonnesch beim Luke Kaysen grouss fir seng Frënn a senger zweeter Heemecht ze begréissen.
Mir soen och dem VFL Gummersbach e grousse Merci, dass Si eis hier Trainingsméiglechkeeten zur Verfügung gestallt hunn!
#MirsinnHandball #Letsmakeithappen #AXALeague