Trainingsstage mat Frëndschaftsmatcher vun eisem U16 Meederchers Kader
  24.12.2019


De leschte Weekend stoung fir eis U16 Meedercher niewent engem Stage, och 2 Mätcher géint d'A-Jugend vum 1. Bundesligist vun der SG Bietigheim um Programm. Géint déi méi al Meedercher vun der däitscher Equippe, haten eis Jonk Rout Léiwinne keng Chance, an hunn déi 2 Matcher verluer (zu Miersch mat 24-42, an zu Dikrech mat 22-39). Et war awer sécher eng gutt Erfarung géint eng Equippe ze spillen, déi an Däitschland an der ieweschter Liga untrieden.