Trainingsmatcher vun eisem U15 Meederchers Kader
Eisen U15 Meederchers Nationalkader hat am Laf vum Mount Dezember zwee Trainingsmatcher am Kader vun der Virbereedung op de Sauerland-Cup am Januar.
Deen éischte Match (23. Dezember) ass mat 17 - 28 géint d'U16 vu Yutz verluer gaangen. Gëschter hunn si et du besser gemaach, a wannen zu Diddeleng mat 34 - 23 géint hir Alterskolleeginnen vu Rodemack.
#handballassméi #RoudeLéiwhuelse