Trainings-Stage vun eise Jugendkaderen

  31.10.2019

Wärend der Allerhellegevakanz ware fir eis U16 Meedercher an eis U20 Jonge jeeweils e Stage vun hiren Traineren organiséiert ginn. D'U16 Meedercher haten hire Stage hei am Land an hunn als Ofschloss e Match géint d'U18 Meedercher vu Grouss-Hetteng gespillt a konnten eng souverän Leeschtung op den Terrain bréngen. Och ouni 4 verletzt Spillerinne gouf et um Enn eng wuelverdéngte kloer Victoire vun 36-24 (16-10). Eis U20 Jonge waren an engem Trainingslager zu Gummersbach.