Trainerausbildung zu Diddeleng am Kader vun der néier C-Lizenz

  11.04.2025

Den Directeur Technique National Alex Scheubel huet eng Trainerformatioun fir jiddereen den 8. an 10. Abrëll am Centre Sportif René Hartmann zu Diddeleng organiséiert.
 

Wärend dësen 2 Deeg konnten sech ronn 40 Trainer mat de verschiddene Formateuren austauschen, a si bei hiren Trainingssessiounen observéieren. E grousse Merci un d‘Nina Kanto, de Yannick Birckel a de Nikola Malesevic, déi d'Seancë geleed hunn.


E grousse Merci och un d’Nationalekippe vun den U17 an U19 Meedercher, souwéi dem Centre de Formation vum Metz Handball.


#handballassméi