Tournage vun enger néier Publicitéit vun der Immobilière Abby Toussaint
  25.09.2019


Viru gutt 2 Woche war an der Sportshal um Fousbann zu Déifferdeng eppes méi lass. Den Abby Toussaint, Partner vun der FLH an dem Corps Arbitral, huet e néie Spot fir seng Agence Immobilière dréie gelooss. Besonnesch d'Arbitter stoungen am Rampeliicht. D'Cathy de Waha, de Jean-Marc Facchin an den Denis Weinquin ware mat voller Konzentratioun derbäi. D'Kanner aus der Crèche hu fir gutt Stëmmung- an d'Spiller aus dem U18 Kader hu fir flott Matchszene gesuergt. Mir waarden elo gespaant op d'Resultat vun dësen Dréiaarbechten, déi bal 10 Stonne gedauert hunn.

Eisem Partner Agence Immobilière Abby Toussaint, den Arbitter, de Spiller a Kanner e grousse Merci fir hiren Asätz!