Tirage EHF Cup an Challenge Cup
Haut an der Mëttesstonn war zu Wien am EHF Siège déi éischt Auslousung vun dem EHF Cup an dem Challenge Cup 2019-2020. An dat esou wuel bei den Dammen wéi bei den Hären.
Eis Lëtzebuerger Vertrieder an dësen zwou Kompetitiounen hu folgend Géigner zougeloust kritt
EHF Cup Dammen (1. Ronn) : Handball Käerjeng - Byasen Handball Elite (NOR)
An der 2. Ronn wär dann Thüringer HC (GER)
EHF Cup Hären (1. Ronn) : Handball Esch - B.S.B. Batumi (GEO)
An der 2. Ronn wär dann KS Azoty-Pulawy SA (POL)
Challenge Cup Hären (2. Ronn) : Handball Käerjeng - Alingsas HK (SWE)
Challenge Cup Hären (2. Ronn) : HB Diddeleng - ZRHK TENAX Dobele (LAT)
Mir wënschen all eise Vertrieder Bonne Chance !