Thierry Wagner an den European League Board gewielt

  29.06.2018

Haut war déi 1. Versammlung vum néien "European Handball League Board (ELB)" vun der EHF. An dësem Gremium geet ëm d'Interesse vun allen europäeschen Handball-Ligae bei der EHF. Domadder ass nieft engem Vertrieder aus Däitschland, der Schwäiz, Schweden, Norwegen an Italien och Lëtzebuerg vertrueden. Mir wënschen eisem Vize-President a senger néier Funktioun vill Erfolleg!
op der Foto vu lenks no riets : Patrice Hitz (Schwäiz), Alf Mangor Johannessen (Norwegen), Nikolas Larsson (Schweden), Stefano Podini (Italien), Frank Bohmann (Däitschland) an Thierry Wagner (Lëtzebuerg)