Stage Dammennationalequippe

  04.11.2019

Eis Dammennationalequippe war zesummen zu Diddeleng an zu Schëffleng fir e Stage, an dat wärend 4 Deeg. Ausser dem Tina Welter, wat mat senger Equipe de Match am DHB Pokal preparéiert huet, war de ganze Kader komplett präsent. D'Ines Gomes vun der Red Boys war no senger Blessur och nees als Goalkeeper derbäi.

D'Spillerinnen hu bei enger gudder Ambiance e Maximum ginn. Nächste Rendezvous ass de Weekend vum 23./24. November mat 2 Matcher géint d' Kurpfalz Bären, Equipe aus der 1. Bundesliga. Den "Heemmatch" ass den 23. November um 17:30 Auer zu Maacher "op Flohr".