Schnuppertraining beim HB Museldall de 27. September
Den HB Museldall invitéiert häerzlech op hiere Schnuppertraining de 27. September am néie Centre sportif "Op Flohr" zu Grevenmacher! Kanner vun all Alterskategorie kënnen trainéiere kommen a léieren den Handball op eng spilleresch a flott Aart a Weis kennen. Den HB Museldall freet sech op Iech all! Weider Infoe fannt dir op www.hbmuseldall.lu oder per Mail op contact@hbmuseldall.lu