Schluss Turnéier am InterReg zu Beetebuerg
  08.04.2019


Gëschter, Sonndeg de 7. Abrëll sinn zu Beetebuerg d'Finalle vun den InterReg Turnéiere gespillt ginn. InterReg ass en iwwerregionale Championnat mat Equippen aus dem Saarland, dem Grand-Est an aus Lëtzebuerg. Gespillt gouf dëst Joer an de Kategorien U13 an U15, an dat esou wuel bei de Meedercher wéi bei de Jongen.

An deene verschiddene Kategorië gouf et folgend Gewënner :

U13 Meedercher : HB Diddeleng

U13 Jongen : HC Bierchem

U15 Meedercher : Handball Metz

U15 Jongen : HB Diddeleng

Fotoe fannt dir an eiser Rubrik : Media, Foto Gallerien

Déi eenzel Resultater fannt dir deemnächst op :
https://www.hvsaar.de/…/slge-laenderueb…/spielplan-horaires/